Batty Weber Abreisskalender
![]() ![]() ![]() ![]() Publié le lundi 23 janvier 2023
Appel fir d'Tagung: D’Geschicht vu Lëtzebuerg duerch d’Lëns vum Batty Weber sengem Abreisskalender (1913-1940) De Batty Weber (1860-1940) gehéiert zu deene bekanntsten a produktiivste Schrëftsteller an der Lëtzebuerger Literatur- a Kulturgeschicht. Säit 2018 sinn dem Batty Weber seng iwwer 7000 Abreisskalender-Feuilletonen an digitaler an duerchsichbarer Form accessibel: battyweber.uni.lu. Eis Tagung invitéiert Fuerscher.innen aus de verschiddenste wëssenschaftleche Gebidder sech mat deem breetgefächerten Theemespektrum vum Weber sengem Feuilletonwierk auserneenzesetzen.
Format: D'Tagung gëtt vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft a vum Institute of English Studies, Department of Humanities organiséiert a fënnt den 29-30 Juni 2023 um Campus Belval statt. Download: Appel Batty Weber Abreisskalender
Foto: Raymon Mehlen (Collection CNL) |
![]() |
|