Documents à télécharger  
X
LEAFLET FOR DOWNLOAD
Dépliant à télécharger

Master en langues, cultures et médias - Lëtzebuerger Studien (académique)

Weider Infoen och op facebook an hei.

 

Mäin Numm ass Sarah Stephan, ech si Lëtzebuergerin an hunn de Master « Langues, cultures et médias » op der Uni Lëtzebuerg gemaach. Virdrun hunn ech an Däitschland e Bachelor an der Konschtgeschicht mat Niewefach Kulturwëssenschaften an ee Joer laang e Master am Kultur- a Kommunikatiounsmanagement gemaach.

An deem Kader hunn ech zu Lëtzebuerg bei RTL e Stage absolvéiert a gemierkt, dass mer a mengem Studium de konkrete Bezuch zu der lëtzebuergescher Kultur- a Mediewelt gefeelt huet. Wéi ech dunn héieren hunn, dass e neie Master géif op der Uni Lëtzebuerg ugebuede ginn, dee genee dee Bezuch hierstellt, hunn ech decidéiert, op d'Uni Lëtzebuerg ze wiesselen.

 Firwat d'Uni Lëtzebuerg?

Ech war mer sécher, dass ech spéider hei zu Lëtzebuerg wéilt schaffen, an dofir wollt ech mech schonn am Studium konkret mat der Lëtzebuerger Kultur- a Medielandschaft befaassen.

Wat hunn ech am meeschten u mengem Studiegang geschätzt?
Wat ech am meeschten u mengem Studiegang geschätzt hunn, war dat grousst Engagement vun de Proffen. Mir hunn zu der éischter Promotioun vun deem Master gehéiert an et huet ee gemierkt, wéi motivéiert d'Proffen alleguer waren, en neie Studiegang op d’Been ze stellen. De Kontakt tëschent de Studenten an de Proffe wor méi enk wéi op villen aneren Unien an et ass ee méi perséinlech betreit ginn. Doriwwer eraus krut een dacks Offere fir Stagen oder Projeten, bei deenen ee praktesch Erfahrungen um Terrain konnt sammelen. Ech hunn zum Beispill beim Unisradio a Kooperatioun mam Radio 100,7 matgemaach an eng Ausstellung mat Rahmenprogramm am Kapuzinertheater organiséiert.

Meng Master-Thes

De Master, deen ech gemaach hunn, besteet aus 3 Beräicher: Sproochwëssenschaft, Literatur a Medien. Ech hu mäi Memoire am Beräich vun de Medien zum Thema „MEDIENBILDUNG IM LUXEMBURGER SCHULSYSTEM“ geschriwwen. D‘Aarbecht gëtt als éischt en Abléck an d’Theorie vun der Medienerzéiung, a se weist och op, wéi d’Medienerzéiung um Niveau vun der Unesco an der EU, an an onsen Nopeschlänner behandelt gëtt. Dono kënnt deen éischten Haaptdeel: e Réckbléck op iwwer 60 Joer Initiativë fir d’Integratioun vu Medienerzéiung an den Unterrecht. Den zweeten Haaptdeel besteet aus enger empirescher Analys vun der aktueller Situatioun vun der Medienerzéiung an de Lëtzebuerger Schoulen. Ech hunn also gekuckt, ob a wéi d'Medienerzéiung zu Lëtzebuerg an den Unterrecht integréiert ass.

Wéi schnell hunn ech no mengem Ofschloss eng Aarbecht fonnt?

Ech hu scho während mengem leschte Semester vum Master Bewerbunge geschriwwen. Duerch Zoufall hat de Conseil National des Programmes, mat deem ech mech zu där Zäit am Kader vu menger Masteraarbecht beschäftegt hunn, eng Plaz ausgeschriwwen, ob déi ech mech gemellt hunn. Ech konnt dunn direkt no mengem Ofschloss do ufänken. De Conseil National des Programmes representéiert verschidde kulturell, sozial a politesch Institutiounen aus der Gesellschaft, a beréit iwwer Problemer, déi sech a Bezuch op d’Inhalter vun den audiovisuelle Medie stellen. Zu mengem Job hunn eng ganz Rei administrativ Aufgaben, awer och d’Koordinatioun vun der Surveillance vun de Radios- a Fernsehprogrammer, déi ënnert lëtzebuergescher Lizenz lafen, gehéiert. Seit Januar 2013 schaffen ech als Conservatrice an der Nationalbibliothéik am Département vun der Luxemburgensia a këmmere mech hei ëm d'Gestioun an d'Valorisatioun vun de Lëtzebuerger Zeitungen an Zäitschrëften.

Rotschléi fir nei Studenten

Ech géif soen, dat Wichtegst ass, scho während dem Studium ze probéieren, sou vill wéi méiglech praktesch Erfahrungen ze sammelen a Kontakt zu deene verschiddenen Institutiounen ze kréien. Op déi Manéier kritt een en Abléck doran, wat fir Méiglechkeeten een herno berufflech huet. Donieft sinn esou Stagen och ëmmer ganz wichteg fir de CV a maachen engem d'Sich no enger Aarbechtsplaz herno méi liicht.

 

 

Fränk Muno, Walfer

Master en langues, cultures et médias - Lëtzebuerger Studien: Den Numm verréit engem schonn a wéi eng Richtung dëse Master geet! Et gëtt besonnesch vill Wäert op d'Interdisziplinaritéit geluecht an et war ganz genau deen Aspekt, dee mech perséinlech motivéiert huet, fir mech an dësem Master unzemellen.

Et huet Spaass gemaach, endlech emol Recherche op deem Terrain ze bedreiwen, op deem een sech all Dag befënnt an déi Sprooch z'entdecken an emol richteg schreiwen ze léieren, déi een dagdeeglech benotzt. Vu dass et sech net ëm e fachspezifesche Master handelt, huet een d'Méiglechkeet, meeschtens un deene Sujeten ze schaffen, déi engem perséinlech am Beschten zousoen. Sou koum et, dass ech mech vill mat Theme beschäftegt hunn, déi mat de lëtzebuergesche Medien ze dinn haten, wéi zum Beispill Tëlee, Kino oder Musek. Natierlech hunn dës Sujeten ëmmer missen a Bezuch mat de Coursë stoen. Dëst war awer keng gréisser Schwieregkeet an dofir kann ech aus menger Erfahrung eraus soen, dass ee bei dësem Master méi fräi ass, wat de Choix u Sujeten ugeet, wéi ech dat vläicht virdru bei mengem anere Studium kannt hunn.

Natierlech kann ech net behaapten, dass dëse Master perfekt ass, ma ech hunn et awer vu Virdeel fonnt, datt d’Responsable fir Kritik vun de Studenten oppe waren. E weidere grousse Virdeel vun dësem Master läit dodrann, datt ee relativ oft d'Méiglechkeet huet, a senger Recherche Pionéieraarbecht ze leeschten. Vu dass dëst Fuerschungsfeld a muenche Beräicher nach am Opbau ass, kann een oft als eng vun deenen éischte Persounen un engem Sujet schaffen an dësen dann och analyséieren an dat hunn ech besonnesch interessant fonnt.

En anere Fait, dee mer relativ gutt bei dësem Master gefall huet ass, dass een d’Geléigenheet krut, fir e bësse praktesch Erfahrung um Terrain ze sammelen. Esou krut ech ënner anerem emol d'Méiglechkeet fir e kuerzen Ausfluch an d'Welt vum Theater a vum Radio ze maachen an doduerch och éischt Kontakter mat der Lëtzebuerger Mediewelt ze knäppen.

Alles an allem kann ech also vun enger ganz positiver Erfahrung schwätzen, déi ech während dësem Studium gemaach hunn a soumat kann ech dëse Master am Fong just weider recommandéieren.

Diploméiert mam „Master en langues, cultures et médias – Lëtzebuerger Studien”.
De Fränk Muno dréint grad säin éischten Dokumentarfilm.

 

 

Nadine Ewerling

Wéi den Numm et ausweist, baséiert dëse Master op Studien iwwer d’Lëtzbuerger Sprooch am Kontext vun der Sprooch selwer, vun der Kultur a vun de Medien. De Studiegang ass also breetgefächert, d.h. jiddfereen huet d’Méiglechkeet sech op déi Themen ze konzentréieren, déi sengem Interessi entspriechen. D’StudentInne kréien engersäits theoretescht Wësse vermëttelt; si ginn an deene meeschte Fächer anerersäits och gefuerdert dëst Wësse praktesch unzewenden. D’Philosophie vum MA Lëtzebuergesch dréit och den Aspekter vun der Méisproochegkeet a vun de multikulturellen Aflëss zu Lëtzebuerg Rechnung.

Wat meng Erwaardungen un dëse Master ubelaangen, kann ech soen, datt se bis ewell esou wäit gréisstendeels erfëllt gi sinn: Weiderbildung, Beräicherung fir meng berufflech Aktivitéiten, interessant nei Detailler wat d’Lëtzebuerger Sprooch ubelaangt, Verdéiwung vu Kenntnisser aus anere Fachberäicher.

Flott fannen ech och, datt bei deenen allermeeschte StudentInnen eng grouss Begeeschterung fir dëse Master ze bemierken ass; wat natierlech zu muench kontroversen awer och konstruktiven Diskussioune féiert. D’Diskussiounsthemen erginn sech aus de Coursen a stimuléieren zu weidere Recherchen: Standardiséierung vun der Sprooch, Immigratioun, Lëtzebuerger Schrëftsteller déi op Däitsch, op Lëtzebuergesch an/oder op Franséisch schreiwen, Betruechtung vu soziolinguisteschen Aspekter, Terminologie an der Grammatik; eng Heedewull Themen, déi nëmmen drop waarden, weider erfuerscht ze ginn.

Déifferdeng, de 14. Mee 2010.