Bachelor en Cultures Européennes - Lëtzebuerger Linguistik a Literatur / Sciences du langage et littérature luxembourgeoises
Motivatiounsschreiwes
D’Motivatiounsschreiwes ass e Schlësselstéck vun Ärer Kandidatur, well et Iech dozou invitéiert, fir net nëmmen Är Ziler ze presentéieren, mee och Äre Parcours an Är Erwaardungen. Et ass d’Méiglechkeet, fir Ären Interessi fir d’Lëtzebuerger Linguistik a Literatur duerzestellen, fir iwwer Är Beweeggrënn, fir un eiser Formatioun deelzehuelen nozedenken, an och fir Äre Projet fir déi dräi Joer Bachelor ze formaliséieren. Är Reflexioune wäerten et eis méiglech maachen, Är Motivatioun an Intressi fir eis Filière z’appreciéieren, an och fir sécherzestellen, datt eis Offer och Äre Virstellungen an Erwaardungen entsprécht.
Är Motivatiounsschreiwes muss déi folgend Punkten kloer an däitlech uschwätzen :
1. Är Motivatioun fir Iech an d’Filière vun der Lëtzebuerger Linguistik a Literatur vum Bachelor en Cultures Européennes anzeschreiwen (350-400 Wierder)
Dësen Deel vum Schreiwes ass dee wichtegsten, well en Är Beweeggrënn opféiert, déi Iech dozou motivéiert hunn, fir Är Kandidatur fir d’Filière vun der Lëtzebuerger Linguistik a Literatur ze stellen.
Wat sinn d’Grënn, perséinlech an/oder schoulesch, wéinst deenen Dir wëllt e Studium en der Lëtzebuerger Linguistik a Literatur maachen ? Hei kënnt Dir zum Beispill Äre Parcours beschreiwen, e Wierk dat oder en Auteur deen Iech besonnesch markéiert huet rezipéieren, oder awer Aspekter vun der Lëtzebuerger Sprooch oder Kultur beschreiwen, déi Iech besonnesch interesséieren.
2. Erwaardungen an Ziler (250-300 Wierder)
Dësen Abschnitt invitéiert Iech, fir Är Erwaardunge par rapport zu dëser Formatioun ze presentéieren. Opgepasst – hei geet et net drëms fir Är berufflech Pläng auszeféieren.
Wat erwaart Dir Iech, wann Dir Deel vun eiser Filière gitt? Dir kënnt hei Äre perséinlechen Intressi fir d'lëtzebuergesch Kultur, Sprooch oder Literatur presentéieren. Wat sinn zum Beispill Usätz, déi Iech interesséieren (Analys vun Texter, linguistesch Analysen, Literatur- a Sproochgeschicht asw). Zéckt net fir op ee Cours vun eiser Formatioun anzegoen, fir ze weisen, wat genee Iech interesséiert (http://bce.uni.lu).
3. Bachelor en Cultures Européennes : Interdisziplinaritéit a Méisproochegkeet (150-200 Wierder)
Weist an Ärem Bréif, wéi d’Coursen aus de Cultures Européennes (http://bce.uni.lu) sech an Äre Bildungsprojet integréieren.
De BCE ass eng interdisziplinär a méisproocheg Formatioun, an der Dir en Drëttel vun Äre Coursen (60 ECTS / 180) aus der Offer vun de Cultures Européennes beleet. Hei kënnt Dir Virliesungen an/oder Seminären aus der Philosophie, der Geschicht der englescher, franséischer däitscher, italienescher oder portugisescher Linguistik a Literatur entdecken; an dat mat Hëllef vu Coursen, déi Iech entweeder op Däitsch, Franséisch an/oder Englesch ugebuede ginn.
Presentatioun vun Ärem Motivatiounsschreiwes
Sollten d’Consignë fir d’Verfaasse vum Dokument net respektéiert ginn, gëtt d’Dokument net consideréiert.
- Denkt drun, uewe lénks Äre Virnumm an Numm, souwéi Är Identifikatiounsnummer, déi Dir vun der Universitéit Lëtzebuerg bei der Online-Aschreiwung kritt hutt, hinzeschreiwen.
- D’ Motivatiounsschreiwes ass op Lëtzebuergesch formuléiert;
- D’ Motivatiounsschreiwes zielt tëscht 750 bis 900 Wierder;
Den Ausdrock muss korrekt a passend sinn.