Documents à télécharger  
X
LEAFLET FOR DOWNLOAD
Nos formations bachelor - brochure
Page d'accueil // Formations // FHSE // Bachelor en Cultures Européennes - Lëtzebuerger Linguistik a Literatur / Sciences du langage et littérature luxembourgeoises

Bachelor en Cultures Européennes - Lëtzebuerger Linguistik a Literatur / Sciences du langage et littérature luxembourgeoises

Kandidatur an Aschreiwung

WICHTEG: Déi nei Aschreiwungsdate fir de Bachelor en Cultures Européennes – Lëtzebuerger Linguistik a Literatur sinn elo hei ënnen ugekënnegt.

Step 1

Step 2

Step 3

Délai fir d'Aschreiwung

Standardaschreiwung:
01/04-01/06/2022

Eropluede vum Dossier

Standardaschreiwung:
08/06/2022

Äntwert

Standardaschreiwung:
Juli - August

+ Informatiounen

D’Formatioun Lëtzebuerger Linguistik a Literatur ass eng vun den disziplinäre Spezialisatioune vum BCE (Bachelor en Cultures Européennes) Programm a gëtt fir d'Wantersemester 2022 fir déi éischte Kéier agefouert. De Programm bitt eng räich Villfalt u Coursen un, iwwer Sproochstrukturen, -geschicht a -politik grad wéi iwwer d’Geschicht vun der méisproocheger Literatur, hir ästhetesch Prozesser a Vermëttlungsstrukturen. Dobäi ginn d’Studenten an d’Studentinnen an Iwwerleeungen iwwer theoreetesch a methodologesch Approchen agebonnen. Spezifesch fir de Studiegang ass och e sprooch- a literaturdidaktesche Volet souwéi Stagen am Enseignement an/oder a kulturellen Institutiounen. Déi regulär Studienzäit ass 6 Semester mat engem obligatoreschen Auslandssemester am 5. Semester. Viraussetzung fir de Studium an der Luxemburgistik ass eng exzellent Maîtrise vum Lëtzebuergeschen (C1) a gutt Sproochkentnisser am Däitschen, am Franséischen an am Engleschen (B2).

 

Léierresultater :

  • Opweise vu Fachwëssen an der Lëtzebuerger Linguistik, virun allem Grammaire, Orthografie, Morphologie, Syntax, Variatiounslinguistik a Soziolinguistik
  • Opweise vu Fachwëssen iwwert d’Lëtzebuerger Literatur op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch
  • Eegestännegt Schaffen op Texter, Korpora a Quellen a realiséiere vun akadeemeschen a professionelle Projeten
  • Uwende vun theoreeteschem Wëssen a Methoden a Formuléiere vu kohärenten Argumentatiounen iwwert d’Sprooch, d’Literatur an d’Kultur
  • Evaluéiere vun der Roll vu sproochlechen a literaresche Praktiken an hir sozial a kulturell Enjeuen.

Transversal Kompetenzen :

  • Uwenne vun autonom erschafftem didakteschem Wëssen an der Virbereedung op eng spéider Aktivitéit als Sproochenseignant
  • Entwéckelen a praktesch Uwendung vu Strategië fir d‘Vermëttlung vu Wëssen iwwert d’Lëtzebuerger Kultur an Aktivitéiten an de Kulturinstituter an an de Medien
  • Uwenne vu kritesch-analytesche Kompetenzen a methodesch Fäegkeeten op nei Beräicher.

Debouchéeën :

  • Accès zu geeschteswëssenschaftleche Masterformatiounen op der Uni Lëtzebuerg an am Ausland
  • Accès zum Master en Enseignement Secondaire – Filière langue et littératures luxembourgeoises op der Uni Lëtzebuerg
  • Sproochenseignant a private Sproocheschoulen
  • Journalismus a Medien, Kulturberäich an Ëffentlechkeetsaarbecht

Version française

La formation en Sciences du langage et littérature luxembourgeoises constitue une des spécialisations disciplinaires du cursus BCE (Bachelor en Cultures européennes). Le programme propose une riche variété de cours portant sur les structures de la langue, sur son histoire et les politiques linguistiques, ainsi que sur l’histoire de la littérature plurilingue, ses procédés esthétiques et dispositifs de médiation, tout en impliquant les étudiant·e·s dans des réflexions sur les approches théoriques et méthodologiques. Des cours en didactique de la langue et de la littérature préparent, par ailleurs, à des stages dans l’enseignement et/ou dans des institutions culturelles. La durée régulière du programme est de six semestres dont un semestre de mobilité obligatoire à l’étranger au 5e semestre. Une très bonne connaissance du luxembourgeois (C1) ainsi que de bonnes connaissances en allemand, anglais et français (B2) sont requises.

Compétences académiques :

  • Se prévaloir de connaissances approfondies en linguistique luxembourgeoise, notamment en grammaire, orthographie, morphologie, syntaxe et sociolinguistique ;
  • Se prévaloir de connaissances approfondies en littérature luxembourgeoise de langue luxembourgeoise, allemande, française et anglaise ;
  • Travailler de façon indépendante sur les textes, les corpus et les sources, et réaliser des projets académiques et professionnels ;
  • Appliquer un savoir théorique et un savoir-faire méthodologique, et rédiger des argumentations cohérentes sur la langue, la littérature et la culture ;
  • Évaluer de manière indépendante les enjeux sociaux et culturels des pratiques linguistiques et littéraires.

Compétences transversales :

  • Appliquer et développer de manière autonome les connaissances didactiques dans la future activité d’enseignant·e de langues ;
  • Développer et appliquer des stratégies de médiation du savoir sur la culture luxembourgeoise pour une carrière dans les institutions culturelles et les médias luxembourgeois ;
  • Mettre en pratique les compétences d’analyse critiques en toutes circonstances.

Débouchés :

  • Accès à des formations de type Master à l’Université du Luxembourg et à l’étranger ;
  • Accès à la formation Master en Enseignement Secondaire – Filière langue et littérature luxembourgeoises à l’Université du Luxembourg ;
  • Enseignement de langue luxembourgeoise dans des écoles de langue privées ;
  • Journalisme, médias, domaine de la culture et relations publiques.

Directeur d'études

Contact


Admissions Enquiries

  • admission.bce@uni.lu

Programm op ee Bléck

  • 6 Semester / 180 ECTS
  • Obligatorescht Auslandssemester
  • Sproochkenntnësser:
    • Éischt Sprooch: Lëtzebuergesch (C1)
    • Zweet Sprooch: Däitsch, Franséisch oder Englesch (B2)
    • Drëtt Sprooch: Däitsch, Franséisch oder Englesch (B2)
    • Véiert Sprooch: Däitsch, Franséisch oder Englesch (B2)
  • Motivatiounsschreiwes
  • Aschreiwungskäschten:
    • 400€ / (Semester 1-2)
    • 200€ / (Semester 3-6)