Event

Ronndëschgespréich: Wéi e Stellewäert huet d’Lëtzebuerger Geschicht an der Fuerschung, an der Schoul, an der Ëffentlechkeet?

  • Lieu

    Nationalbibliothéik (BNL)

    37D, Avenue John F. Kennedy

    1855, Kirchberg, LU

  • Thème(s)
    Sciences humaines

Obwuel d’Lëtzebuerger Geschicht eng wichteg Roll spillt am politeschen Alldag (Joresdeeg a Commemoratiounen), steet d’Fro am Raum, wéi et ëm d’Kenntnisser vun der Lëtzebuerger Geschicht bestallt ass. Wéi ee Stellewäert huet dës Geschicht an engem Land, wou ee Groussdeel vun de Schüler keng Lëtzebuerger Wuerzelen hunn. Wéi ee Gewiicht a wéi eng Form soll d’Vermëttlung vun der Lëtzebuerger Geschicht an der Zukunft hunn?

En Ustouss fir des Table ronde sinn ënnert anerem zwee Artikelen am Forum (414-415 [2021]). Un der Diskussioun si Vertrieder aus der Fuerschung, aus dem Lycée an eng Studentin bedeelegt.

Ëm den Dësch sëtzen:

  • Sonja Kmec, associéiert Professesch fir europäesch Geschicht a Kulturstudien vum 16. bis 20. Joerhonnert, uni.lu
  • Michel Pauly, emeritéierte Professer fir Mëttelalter- an transnational Lëtzebuerger Geschicht, uni.lu
  • Aurélie Thines, Geschichtsstudentin op der Université de Montréal am Canada
  • Françoise Flesch, Geschichtsenseignante am Lycée du Nord

D’Moderatioun gëtt gemaach vum Historiker Pit Péporté (Historical Consulting).

Organiséiert vun der ALEH zesumme mat der Nationalbibliothéik

D’Reservatioun ass obligatoresch, via reservation@bnl.etat.lu