Page d'accueil // FHSE // Actualités // Batty Weber Abreisskalender

Batty Weber Abreisskalender

twitter linkedin facebook email this page
Publié le lundi 23 janvier 2023

Appel fir d'Tagung: D’Geschicht vu Lëtzebuerg duerch d’Lëns vum Batty Weber sengem Abreisskalender (1913-1940)

De Batty Weber (1860-1940) gehéiert zu deene bekanntsten a produktiivste Schrëftsteller an der Lëtzebuerger Literatur- a Kulturgeschicht. Säit 2018 sinn dem Batty Weber seng iwwer 7000 Abreisskalender-Feuilletonen an digitaler an duerchsichbarer Form accessibel: battyweber.uni.lu. Eis Tagung invitéiert Fuerscher.innen aus de verschiddenste wëssenschaftleche Gebidder sech mat deem breetgefächerten Theemespektrum vum Weber sengem Feuilletonwierk auserneenzesetzen.

  • Méiglech Géigestänn wieren:
  • Historesch, politesch a kulturell Evenementer
  • Stadgeschicht, Urbanismus an Architektur
  • Lands-, Europa- a Weltgeschicht
  • Kierch a Relioun
  • Philosophie
  • Wëssenschaften
  • Gastronomie, Vitikultur a Caféskultur
  • Krich a Konflikter
  • Monarchie a Kolonialismus
  • Landschaft, Regioun, Natur an Ëmwelt, Déierewelt
  • Ökonomie, Tourismus, Kommerzgeschicht
  • Sproochen, Sproochepolitik a Méisproochegkeet
  • Literatur an alle Formen
  • Konscht, Molerei, Skulptur, Musek, Danz, Film
  • Muséesplangung, Denkmalschutz a kulturelle Patrimoine
  • Sport a Fräizäit
  • Kandheet, Jugend a Schoul

Format:
D’Virträg sollen net méi wéi 30 Minutte laang sinn. Si kënnen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch sinn. Schéckt wgl. en Abstract vun ca. 250 Wierder bis den 28.2.2023 mat enger kuerzer biographescher Presentatioun dem Anne-Marie Millim
anne-marie.millim@uni.lu an dem Sébastian Thiltges sebastian.thiltges@uni.lu.

D'Tagung gëtt vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft a vum Institute of English Studies, Department of Humanities organiséiert a fënnt den 29-30 Juni 2023 um Campus Belval statt.

Download: Appel Batty Weber Abreisskalender

 

Foto: Raymon Mehlen (Collection CNL)