Documents à télécharger  
X
LEAFLET FOR DOWNLOAD
Dépliant à télécharger
Page d'accueil // Formations // FLSHASE // Master en langues, cultures et médias - Lëtzebuerger Studien (académique)

Master en langues, cultures et médias - Lëtzebuerger Studien (académique)

Nei: Vum Wantersemester u gëtt am Kader vum Master en Enseignement Secondaire och eng nei Filière Langue et littératures luxembourgeoises ugebueden, déi speziell fir zukünfteg Enseignanten a Lëtzebuerger Schoule konzipéiert ass. Studenten, déi herno a Lëtzebuerger Schoule schaffe wëllen, si gebieden, sech an deem Master anzeschreiwen. Detailer gi méi spéit matgedeelt.

---

D'Inskriptioun fir déi nächst Promotioun ass méiglech bis den  1. September 2017.
D'Interessente si gebieden, hiren Dossier méiglechst fréi eranzereechen.
Bei Froen iwwer d'Delaien oder d'Aschreiwung: peter.gilles@uni.lu.

D’Lëtzebuerger Sprooch, Kultur, Literatur an d‘Medien an hirer Entwécklung an an hirem spezifesche gesellschaftleche Kontext stinn am Zentrum vun dësem Masterstudiegang.

 

 

 

Learning Outcomes

Envisagéiert ass d’Ausbildung vun Experten, déi net op eng Disziplin fixéiert bleiwen, mee interdisziplinäert Wëssen a Kompetenzen an de Gebidder vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Literatur matbréngen an och an der Beruffswelt uwenne kënnen. D'Ziler vum Studium sinn deemno:

  • verdéifte Kenntnisser an der Lëtzebuerger Sprooch a Literaturen 
  • en Abléck an déi wichtegst Methoden an Instrumenter vun de Sprooch-, Literatur- a Kulturwëssenschaften
  • d’Kompetenz, spezifesch lëtzebuergesch Charakteristiken identifizéieren an ënnerscheeden ze kënnen, esouwéi den Afloss vun anere Kulturen zu Lëtzebuerg analyséieren an an der Perspektiv vun der Groussregioun, vun Europa an der Welt evaluieren a vergläichen ze kënnen
  • d’Fäegkeet, kritesch ze urteelen esouwéi eegestänneg a wëssenschaftlech ze schaffen
  • d’Kompetenz, d’Wëssen iwwert déi lëtzebuergesch Sprooch, Literatur a Kultur weiderzeginn

Berufflech Perspektiven

  • Recherche (Doktorat)
  • Politesch a kulturell Institutiounen
  • Redaktioun a Lektorat an den Editiouns- a Pressehaiser, Theateraarbecht a -kritik
  • ...

Directeurs d'études


Programme en un coup d'oeil

  • Plein-temps: 4 Semester / Mi-temps: 8 Semester
  • 200 euros/Semester
  • Langues d'enseignement: Lëtzebuergesch/Français/Deutsch
  • Max. u Kandidaten: 20

Encore des questions? Veuillez contacter notre étudiante Ann-Kathrin Dax pour des  renseignements sur les inscriptions et les études à l’Université du Luxembourg: help@uni.lu